• Image 1 - De Blummenhaff

    La crèche "De Blummenhaff" accueille des enfants de 2 mois à 6 ans, dans l'enceinte d'une fermette.

Wee si mir ?

Am Haus vun der Crèche “De Blummenhaff” herrscht eng gemittlech Atmosphär, déi duerch kannerfrëndlech an kannergerecht Ariichtung ënnerstëtzt gëtt. Obwuel et vill Natur ronderëm d’Crèche gëtt, ass se gutt mam Auto a Bus ze erreechen. Hannert dem Haus ass eng grouss Wiss mat Beem, wou d’Kanner spille kënnen. De Vëloswee souwéi de Bësch sinn net wäit ewech, a lueden a fir trëppelen ze goen a Villes ze entdecken. An de Ställ direkt niewent dem Gaart wunnen eis Déieren (Päerd, Hinger, Kanéngercher, Mierschwéngercher). Si liewen net am Haus vun der  Crèche “De Blummenhaff”, fir datt och d’Kanner mat Allergien d’Méiglechkeet hunn an d’Crèche ze kommen. Den Terrain vun der Crèche läit direkt bei engem Naturschutzgebitt. Hei ginn et vill Déieren, déi ee soss net sou dacks beobachte ka wéi Fasanen, wëll Inten, Fiiss, Huesen, Blanneschlecher an de groe Reier.

Méi Informatioun

Infos pratiques

De Blummenhaff

9 Rue de la Libération

L-4797 Linger (Lénger)

LUXEMBOURG

Telefon : +352 691 648 831

Eis Büroszäiten

Mé. 07:00 - 18:30
Dë. 07:00 - 18:30
Më. 07:00 - 18:30
Do. 07:00 - 18:30
Fr. 07:00 - 18:30