Konzept


D’Crèche “De Blummenhaff” betreit Kanner vun 2 Méint bis 6 Joer vu Méindes bis Freides 7.00- 18.30. Eis Crèche befënnt sech op engem Bauerenhaff mat ville Wisen a Felder ronderëm, dofir ginn et hei vill Méiglechkeete flott an interessant Aktivitéiten ze maachen. Zesumme mat engem Erzéier kënnen d’Kanner sou dacks et geet d’Déiere vum Haff besiche goen. Se kréien alles gewisen an dierfen och selwer hëllefe fidderen, sech ëm d’Déiere këmmeren, an se heemelen. Sou kréien déi Kleng e Gefill fir Gedold, Dagesrythmus, Respekt a Verantwortung.

Hei an der ” Blummenhaff” Crèche gëtt et och e Geméis- a Kraidergaart, wou d’Kanner déi Planzen, déi se selwer geséint hunn, wuesse gesinn. An d’Geméis schmaacht nach besser, wann een et selwer geplanzt huet!

An eisem Bongert ginn Äppel, Biren an Kiischte gepléckt, an d’Kanner kënnen nokucke wéi Hunneg geschleidert gëtt.

D’Erzéierequipe vum ” Blummenhaff” ass drop beduecht fir zesummen ze schaffen, a vermëttelt de Kanner Rou, Struktur a Sécherheet. All Kand ass individuell, an eist ausgebilt a routinéiert Personal geet op all Kand an, a fuerdert et senge Bedierfnesser no.

Am Haus befënnt sech och eng Kichen. Natierlech gi just frësch Saachen zoubereed, sou datt all Dag ofwiesslungsräich a gesond Iessen op den Dësch kënnt.

Infos pratiques
Crèche De Blummenhaff

9 Rue de la Libération

L-4797 Linger (Lénger)

LUXEMBOURG

Telefon : +352 691 648 831
Eis Büroszäiten
Mé. 07:00 - 18:30
Dë. 07:00 - 18:30
Më. 07:00 - 18:30
Do. 07:00 - 18:30
Fr. 07:00 - 18:30
Mir schwätzen
däitsch  franséisch  lëtzebuergesch