Fir déi komplette Funktioun ze bidden brauch dës Websäit Är explizit Zoustëmmung fir Browser-Cookië ze speparen. Wann Dir Cookies net erlaben, kënnt Dir eventuell net verschidden Featureen vun der Websäit benotzen, ënnert anerem déi folgend: Custom Content, Culture Change. Et ass recommandéiert datt all Cookies et erméiglechen.

D’Aktivitéiten

Kanner si virwëtzeg a wëllen alles wëssen, egal a wat fir engem Alter datt se sinn. Se sinn un allem interesséiert an léiere séier. An der Crèche “De Blummenhaff”  gi vill verschidden Aktivitéiten ugebueden, fir de Kanner sou vill verschidden Andréck wéi Méiglech kënnen ze ginn. D’Déiere bréngen d’Kanner zum Staunen an begeeschteren se, an an der Natur ginn all 5 Sënner ugereegt. Bei eisen Aktivitéite ginn d’Kanner motivéiert sou vill wéi méiglech selwer ze maachen an ze probéieren, fir vill eegen Erfahrungen ze sammele, well: GRÄIFEN=BEGRÄIFEN

Hei sinn e puer vun eisen Aktivitéiten:

  • Mär bauen eis eegent Geméis an Uebst un a mär planze Blummen
  • Mär kachen a bake mat Geméis an Uebst aus eisem eegene Gaart
  • Mär molen an bastelen, experimentéiere mat Faarwen, Techniken an Materialien, a schaffen eppes mat eisen Hänn
  • Mär spillen am Gaart an entdecken d’Ëmgéigend wa mer trëppele ginn
  • Mär sangen an maache Musek mat richtegen Instrumenter, an trainéieren eis Sprooch an de Rhythmus. Mär léieren aner Kulture kennen.
  • Mär gi bei den Noper luusse wéi den Hunneg geschleidert gëtt an däerfen den Hunneg och schmaachen
  • Mär ginn d’Päerd fidderen a botzen an däerfen och reiden
  • Mär gi bei eis Hinger d’Eeër sichen a këmmeren eis ëm d’Kanéngercher a Mierschwéngercher
  • En Therapiehond mat sengem Herrschen kënnt eis besichen
  • Mär ginn eng kleng ongëfteg Schlaang besichen an däerfen se och op d’Hand huelen

Praktesch Informatiounen

  • Crèche De Blummenhaff

  • 9, Rue de la Libération

    4797 Linger (Lénger)

    Lëtzebuerg

  • +352 691 648 831

Eis Büroszäiten

Méi 07:00 - 18:30
Dën 07:00 - 18:30
Mët 07:00 - 18:30
Don 07:00 - 18:30
Fre 07:00 - 18:30

Fir Är Komfort

Mir schwätzen

Lëscht Aktualiséierung : 26/02/2019 10:17
©2019, Site produit par Editus Luxembourg