Fir déi komplette Funktioun ze bidden brauch dës Websäit Är explizit Zoustëmmung fir Browser-Cookië ze speparen. Wann Dir Cookies net erlaben, kënnt Dir eventuell net verschidden Featureen vun der Websäit benotzen, ënnert anerem déi folgend: Custom Content, Culture Change. Et ass recommandéiert datt all Cookies et erméiglechen.

Wee si mir ?

Am Haus vun der Crèche “De Blummenhaff” herrscht eng gemittlech Atmosphär, déi duerch kannerfrëndlech an kannergerecht Ariichtung ënnerstëtzt gëtt.

Obwuel et vill Natur ronderëm d’Crèche gëtt, ass se gutt mam Auto a Bus ze erreechen. Hannert dem Haus ass eng grouss Wiss mat Beem, wou d’Kanner spille kënnen. De Vëloswee souwéi de Bësch sinn net wäit ewech, a lueden a fir trëppelen ze goen a Villes ze entdecken.

An de Ställ direkt niewent dem Gaart wunnen eis Déieren (Päerd, Hinger, Kanéngercher, Mierschwéngercher). Si liewen net am Haus vun der  Crèche “De Blummenhaff”, fir datt och d’Kanner mat Allergien d’Méiglechkeet hunn an d’Crèche ze kommen.

Den Terrain vun der Crèche läit direkt bei engem Naturschutzgebitt. Hei ginn et vill Déieren, déi ee soss net sou dacks beobachte ka wéi Fasanen, wëll Inten, Fiiss, Huesen, Blanneschlecher an de groe Reier.

Praktesch Informatiounen

  • Crèche De Blummenhaff

  • 9, Rue de la Libération

    4797 Linger (Lénger)

    Lëtzebuerg

  • +352 691 648 831

Eis Büroszäiten

Méi 07:00 - 18:30
Dën 07:00 - 18:30
Mët 07:00 - 18:30
Don 07:00 - 18:30
Fre 07:00 - 18:30

Fir Är Komfort

Mir schwätzen

Lëscht Aktualiséierung : 26/02/2019 10:17
©2019, Site produit par Editus Luxembourg